Paterno neien Trainer zu Hiefenech

Paterno neien Trainer zu Hiefenech

Nodeems den US Heffingen aus der Nationale II den Opstieg an d'Diekirch League mat enger drëtter Plaz knapp verpasst (Opgestiegen sin jo bekanntlech Esch an Miersch) an sech doropshin vum Trainer Bob Adam getrennt huet, gouf elo en neien Trainer bekannt gin: Den 54-jähregen Bill Paterno wäert des Positioun ab der Saison 2010/2011 besetzen. Den US-Amerikaner huet fir d'lescht d'Ekipp vun Salzburg an Eisterräich trainéiert an soll elo den Opstieg an d'Diekirch League wouer maachen.










Quell: Basketnews.lu