Basket Esch packt et an d'Diekirch League!

Basket Esch packt et an d'Diekirch League!

Mat der Victoire géint den BC Mess um Samschdeg-Owend huet den Basket Esch d'Promotioun an d'Diekrich League gepackt. D'Ekipp ronderem den Christophe Donnersbach huet hiert Ziel endlech verwierklecht.

Am Playdown huet den Telstar Hesperange et net gepackt, an der Nationale II ze bleiwen an steigt no der 60:83-Perte géint Grengewald Hostert elo oof.